20.12.2025

Workshop Hänsel a Gréidel

workshop . théâtre . Cercle des spectateurs . Grand Théâtre
Hänsel a Gréidel placeholder
lieu Grand Théâtre / salle de répétition
langue
Op Lëtzebuergesch
durée
environ 2h00

mentions spécifiques

âge recommandé

Eltere/Kand Workshop am Kader vun der Kreatioun Hänsel a Gréidel

  • Fir Kanner vun 6-12 Joer
  • Fir jeweils 1 Elterendeel & 1 oder méi Kanner

Komm mat an tauch an an d’Welt vum Hänsel a Gréidel. Schlüpft an d’Rolle vun den Haaptpersonnagen, loosst iech iwwerrasche vu Bünebildelementer an Accessoiren a beweegt iech wéi d’Villercher op der Bün. 

Zesumme mat der Dänzerin a Choreografin Piera Jovic an der Theaterpädagogin Laetitia Lang entdecke mir op spilleresch Aart a Weis den Universum vum Hänsel a vum Gréidel. Mir starte mat engem klenge Warm-Up sou wéi d’Schauspiller*innen an Dänzer*innen dat och ëmmer maachen a maachen dono ausgewielten theater- an danzpädagogesch Improspiller vir Iech d‘Stéck méi no ze bréngen. Dono ass nach Zeit vir e gemittlechen Ausklang a oppe Froen. 

distribution

Mam
Piera Jovic & Laetitia Lang

partager

événement suivant
The Rocky Horror Show
The Rocky Horror Show The Rocky Horror Show