Wie kennt se net, d’Geschicht vun de Geschwëster Hänsel a Gréidel, déi sech am Bësch verieren, an an eng magesch a bedrolech Welt andauchen, wou eng Hex an engem Knusperhäischen déi zwee probéiert mat Séissegkeeten ze lackelen. E wonnerbaart Märchen, mat Danz a Musek, dat de Mutt an Zesummenhalt erzielt, an zwou Kannerfiguren an de Mëttelpunkt stellt, déi sech an all Situatioun géigesäiteg ënnerstëtzen, an dat net zulescht, wann déi Erwuessen se am Stach loossen a si ganz op sech eleng gestallt sinn.
- Weider Informatiounen hei.