mentions spécifiques
Eltere/Kand Workshop am Kader vun der Kreatioun Hänsel a Gréidel
- Fir Kanner vun 6-12 Joer
- Fir jeweils 1 Elterendeel & 1 oder méi Kanner
Komm mat an tauch an an d’Welt vum Hänsel a Gréidel. Schlüpft an d’Rolle vun den Haaptpersonnagen, loosst iech iwwerrasche vu Bünebildelementer an Accessoiren a beweegt iech wéi d’Villercher op der Bün.
Zesumme mat der Dänzerin a Choreografin Piera Jovic an der Theaterpädagogin Laetitia Lang entdecke mir op spilleresch Aart a Weis den Universum vum Hänsel a vum Gréidel. Mir starte mat engem klenge Warm-Up sou wéi d’Schauspiller*innen an Dänzer*innen dat och ëmmer maachen a maachen dono ausgewielten theater- an danzpädagogesch Improspiller vir Iech d‘Stéck méi no ze bréngen. Dono ass nach Zeit vir e gemittlechen Ausklang a oppe Froen.