17.12

Workshop Lifegoal: Prënz/Prinzessin?

workshop . Grand Théâtre
cercle
Lieu Grand Théâtre
Langue
Lëtzebuergesch
Durée
1h30

Workshop iwwert Genderstereotyppe
Ab 9 Joer
All op d’Schlass?!: Wëll ech wierklech e Prënz / eng Prinzessin sinn?

All d'Déieren aus dem Bësch ass eng fräi Adaptatioun vum Märche Bridderchen a Schwësterchen vun de Bridder Grimm. D'Stéck geschriwwe vum Elise Schmit an inzenéiert vum Anne Simon handelt vun Aneschtsinn an Upassung, Frëndschaft a Solidaritéit, esou wéi dem Wonsch, säin eegene Wee, seng Identitéit a seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen.

An dësem Workshop vum a mam Milla Trausch (Theaterpädagogin) kënne Kanner ab 9 Joer mat hiren Elteren zesummen op spilleresch Aart a Weis déi gendertypesch Erwaardungen a Stereotyppen hannerfroen, dëst mat de Beispiller aus der Märchewelt.

Wéi gesinn ech mech, wéi gesinn déi aner mech a wéi gesinn ech déi aner? Wéi vill Afloss huet der Gesellschaft hiert Bild vu mir op mech? Sinn de Prënz um wäisse Päerd oder d’Prinzessin mat de laangen Hoer wierklech nach zäitgeméiss oder sollte mer eis Idealer vläicht upassen?

Bei dësem Workshop ass jidderee wëllkomm! Mir freeën eis op Iech.

Distribution

Mam
Milla Trausch

Partager

événement suivant
All d'Déieren aus dem Bësch
All d'Déieren aus dem Bësch All d'Déieren aus dem Bësch