Samschdeg, den 17. Dezember • 10h30 • Grand Théâtre Dir wollt schonn ëmmer e Bléck hannert d’Kulisse vun engem Theater geheien? Wëssen, wat alles muss preparéiert gi virun enger Virstellung? Da sidd dir bei eis genee richteg! D’Anne Simon (Regie), d’Nina Schaeffer (Luucht) & de Joël Seiller (Maquillage) invitéiren Iech op d’Bün vum Groussen Theater fir 3 kleng Atelieren an deenen Dir gewuer gitt, wéi d’Déieren déi Deeg drop an Szeen gesat gi fir d’Virstellungen.
Fir Kanner (7-11 Joer) & hir Elteren
Lieu
Grand Théâtre
Langue
Lëtzebuergesch
Durée
1h00
Mam
Anne Simon, Nina Schaeffer & Joël Seiller