mentions spécifiques
ALL D'DÉIEREN AUS DEM BËSCH
Elise Schmit
Fräi adaptéiert nom Märche Bridderchen a Schwësterchen vun de Bridder Grimm
Cycle « Vivre Ensemble »
De Brudder an d’Schwëster hunn et net gutt. All Dag ploe si sech an der Madamm Malfi hirem Haus, bis se bal ëmfalen, mee si gi vun hirer Adoptivmamm just vernannt a bestrooft. Fir d’Ginette, hiert eegent Meedchen, mécht si dogéint alles. Hatt soll schliisslech enges Daags Kinnigin ginn! Um neie Kinnek sengem Fest soll d’Ginette en onvergiesslechen Androck maachen, fir datt hien hatt bei sech op d’Schlass invitéiert.
Dem Elise Schmit säi Märchen iwwert Anëschtsinn an Upassung, iwwert Frëndschaft a Solidaritéit, an iwwert de Wonsch, säin eegene Wee ze fannen, gëtt virun de Chrëschtdeeg erëm opgeholl. An der Inzenéierung vum Anne Simon, dat vun engem aussergewéinleche kreativen Team encadréiert gëtt, kënnt de Märchebësch mat Danz a Musek zum Liewen. Eng multidisziplinär Erfarung fir d’ganz Famill.

Frérot et Sœurette ont la vie dure. Jour après jour, ils s’usent au travail dans la maison de Mme Malfi, pour ne recevoir que réprimandes et punitions de la part de leur mère adoptive. Celle-ci est en revanche prête à tout pour Ginette, sa fille biologique. Après tout, elle est appelée à devenir reine un beau jour ! Un spectacle merveilleux pour toute la famille, qui mêle théâtre, musique et danse.
Distribution




