[LB] E Musekstheaterstéck mat Poppe fir Kanner an Erwuessener, baséiert op der Billerbuchgeschicht Es klopft bei Wanja in der Nacht vum Tilde Michels an Reinhard Michl.
D'Geschicht weist mat beréierender Einfachheet, wéi aus der Nout eng Tugend gebuer gëtt. De Kanner gëtt op eng anschaulech Aart a Weis gewisen, datt ee friddlecht Zesummeliewe méiglech ass, egal wéivill sech ee vun deem aneren ënnerscheet.
D'Buch Es klopft bei Wanja in der Nacht vum Tilde Michels a Reinhard Michl krut 1986 de Gustav-Heinemann-Friddenspräis fir Kanner- a Jugendbicher.
An enger stiermescher Wanternuecht klappt et op eemol beim Wanja un der Dier. D'Dier geet op an do sëtzt een hallef erfruerenen Hues, deen een Ënnerdaach virun der Keelt sicht. De Wanja léisst den Hues gär eran. Kaum ass den Hues ageschlof, klappt et schonn nees un der Dier. Lo freet ee Fuuss fir ragelooss ze ginn. Den Hues fäert em säi Liewen. Iert de Wanja de Fuuss raléisst, muss e schwieren, datt en dem Hues kee Leed wäert doen. Et ass net laang roueg, well et klappt schonn nees un der Dier. E Bier wëll ragelooss ginn. Lo muss de Fuuss em säi Liewe fäerten, well en dem Bier viru Kuerzem ee Stéck Fleesch geklaut hat, an och de Wanja traut dem Bier net richteg. Mä de Bier versprécht, datt et him net drëm geet, dem Fuus eppes ze doen, mä datt e just wëll aus dem Wanterstuerm kommen.
Si schlofen alle véier roueg an zefridden, bis deen aneren Dag moies fréi. Een nom aneren erwächen den Hues, de Fuuss an de Bier. Si trauen dem Fridden net méi a schläiche sech lues raus. Nodeems de Wanja erwächt ass, mengt en als éischt, en hätt dat alles just gedreemt, mä dunn entdeckt en dobaussen am Schnéi d'Spuere vun den dräi Déieren.
Musikalescht Konzept Michel Boulanger Regie Ela Baumann Spill & Erzielung Dan Tanson
|
Scolaires
|
[TICKETS]2012-12-20 10:00:00 13509+2012-12-20 14:30:00 13510+2012-12-21 10:00:00 13511+2012-12-21 14:30:00 13512+2012-12-23 11:00:00 13513+2012-12-23 15:00:00 13514