#55 DAME BLANCHE
THÉÂTRE DES CAPUCINS | SALLE

#55 DAME BLANCHE

POL GREISCH

[LB] 't ass déck schmeier. An hënt gouf d'Auer zréck geréckelt. Hien, en eeleren Här mam Monde am Grapp, sëtzt am Park ze waarden... Eng Madämmchen am schluetwäisse Kleed, eng rout Oeillet am Tuppi, freet ob nach fräi ass... nieft him op der Bänk... Hunn se Rendez-vous? Et bruckt un eppes... A wann d'Donnerwieder lass geet, dann hu se vill getoozt, ma si weess just, datt hien Otto heescht, an hien, datt si d'Anna ass. Soss näischt.

Si verléiere sech... Siche sech... Fanne sech och vläicht erëm. Zoufälleg? Fir sech nees ze verléieren... an där gelungener Zäit, wou bannen a baussen op eemol changéiert ass, mol lackeleg, mol rabiat... ower emmer méi verwuerelt... An da left och nach deen Isi him an d'Féiss. Oder ass den Isi den Otto? An d'Auer gëtt erëm geréckelt: déi Kéier vir. Fir nieft de Kapp ze kommen! Maache se de Spunnes mat him? Hien eelst... Ass d'Anna just säi schéinen Dram? Säi Rettungsrénk? Oder säi Cauchemar?

E Stéck Welt vun haut, an där hien, e Mënsch vu gëscht, net méi richteg eens gëtt; e komesche Kauz, ëmgaachelt an ower eleng gelooss, op der Sich no eppes wat eriwwer ass... Eng Comédie?

» An dëser Koproduktioun vum Kapuzinertheater mam Escher Theater ënnert der exzellenter, stëmmeger Regie vum Charles Muller lafen déi dräi Schauspiller, de Claude Mangen, de Marc Olinger an d'Annette Schlechter wierklech zu hirer Héchstform op. Si begeeschteren duerch hiert sensibelt Gespier fir déi lues Ënnertéin an Nüancë vum Text an deenen eenzelne Situatiounen, beweisen e wonnerbaart Gefill fir dem Pol Greisch seng eemoleg Theater-Sprooch an adaptéieren hir schauspilleresch Ausdrocksstäerkt an deene verschiddene Rollen, déi si am fléiende Wiessel bravouréis meeschteren.
Jeff Baden, Luxemburger Wort

REGIE Charles Muller

BÜHNE Anouk Schiltz
KOSTÜMER Alevtina Enders
VERTOUNUNG Cary Greisch

ET SPILLEN Claude Mangen, Marc Olinger, Annette Schlechter

KOPRODUKTIOUN Théâtre des Capucins, Théâtre de Esch-sur-Alzette

Freideg 4. MÄRZ 2011 um 20.00 Auer (tickets)
Samsdeg 5. MÄRZ 2011 um 20.00 Auer (tickets)
Kulturpass, bienvenue!

Adultes 20 € / Jeunes 8 €




Avis spectateurs | Zuschauer-Meinungen
Pas encore de contributions | Noch keine Beiträge Écrire un commentaire | Kommentar schreiben