Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

#39 RENERT DE FUUSS AM FRACK AN A MAANSGRÉIST

Michel Rodange
Reprise

Nom grousse Succès vum Renert am Dezember 2012, ass decidéiert ginn nach 3 zousätzlech Datumer dës Saison bäizesetzen, Denschden 12., Mettwoch 13. & Donneschden 14. Februar 2013.

[LB] "D'Welt ass e Sak voll Kriibsen,
wou een deen aner zwéckt;
di iewescht gi gejuppelt,
di ennescht gin zerdreckt."

All Mënsch kennt de Renert. Kaum een huet e gelies. Mee nawell sinn de louse Fuuss Renert, de bedächtegen Dachs Grimpert, de Léiw, deen net ganz helle Kinnek a seng gescheit Fra, déi sëlleg aner: de Bier, den Huer, den Hunn, d'Kaz, den Hond Finnett an de Wollef, dee bis zum Schluss ugeschass gëtt, lieweg an de Käpp vu Generatiounen.

De Michel Rodange huet iwwer Déiere geschriwwen, mee en huet vu Mënsche geschwat. De Renert ass virun allem eng béis Satir iwwer Zoustänn, déi mer haut nach genee esou erëm fannen, wéi de Rodange se am 19. Jorhonnert notéiert huet.

2003 huet de Steve Karier de ganze Renert fir d'Mierscher Literaturhaus opgeholl, iwwer 6.000 Versen op 3 CD'en, déi sech zu Dausende verkaaft hunn.

Elo bréngt en ënnert der Regie vum Anne Simon dem Rodange säi Wierk op d'Bühn: alleng spillt en all déi Déierepersonnagen, all déi verschidden Dialekter, op knapps annerhallef Stonn agekacht.

Annerhallef Stonn Geleeënheet, fir gutt iwwert de blöde Wollef ze laachen, iwwert de Fäertaasch Kaz, iwwert den trapege Bier - an dohanner dem Rodange säi Mënschentableau ze erkennen. An dat an engem Lëtzebuergesch, dat mat dat schéinst ass, dat je geschriwwe gouf.

"Et gin duerch d'Welt zwéi Weër:
sief Wollef oder Schof!
E gudde Fuuss ass béides
Als echte Philosoph."

»Ween prett ass, fir sech op eng ganz eegewëlleg, couragéiert a ongewinnte Vue op de Lëtzebuerger "National-Epos" anzeloossen, deen erwaarden jiddefalls 90 Minutte formidabel gespillten Theater an engem grousse Monolog vum Steve Karier. Luxemburger Wort

»La performance physique et intellectuelle de l'acteur est propement époustoufflante - il prouve à nouveau sa maîtrise du texte et tout son registre comique. S'il faut jouer le Renert, autant le jouer comme ça ! Land

»Abseits einer übermotivierten Funktionalisierung von Rodanges Werk vermag die Aufführung auf gewagte Art und Weise dieses wichtige - und vor allem schöne - Dokument der luxemburgischen Literatur zu dramatisieren, indem sie sich unbefangen und geistreich diesem unserem "Nationalepos" nähert, es in seiner Historizität würdigt und dem Publikum spielerisch einen "Renert" fernab von nationalem Literaturpathos anbietet. Tageblatt

 

Mam
Steve Karier

Regie Anne Simon

Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

 Mardi 12 FÉVRIER 2013 à 20h00 (tickets)
Mercredi 13 FÉVRIER 2013 à 20h00 (tickets)
Jeudi 14 FÉVRIER 2013 à 20h00 (tickets)

DURÉE environ 1h30 (pas d'entracte)

Adultes 20 € / Jeunes 8 €

Lieu: Théâtre des Capucins

[TICKETS]2013-02-12 20:00:00 14860+2013-02-13 20:00:00 14861+2013-02-14 20:00:00 14862