Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

#38 EN TIGER AM ROUSEGÄERTCHEN

ENG FARCE IWWERT DEM MITTAL
SENG IWWERNAHM VUN DER ARCELOR
TEXTFAASSUNG VUM MARC LIMPACH ZESUMME MAM ENSEMBLE
REGIE FRANK FEITLER ZESUMME MAM ENSEMBLE
Op Lëtzebuergesch

No der Virstellung vum 13. November hudd Dir nach d'Geleeeënheet mat der artistescher Equipe ze schwätzen.

[LU] Freides moies, de 27. Januar 2006, iwwerrascht de Milliardär Lakshmi Mittal de Grand-Duché mat senger OPA fir de Stolproduzent Arcelor, dee grad eréischt déi kanadesch Dofasco geschléckt huet. Arcelor, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, war am Februar 2001 duerch d’Fusioun vun der Arbed, der spuenescher Aceralia, an der franséischer Usinor gegrënnt ginn. D’Land steet ënner Schock. D’Regierung kënnt op dësem Dag zesummen, awer de Premier ass op Staatsvisite am Mali. De Lëtzebuerger Staat ass mat 5,6 Prozent gréissten Eenzelaktionär vun Arcelor, mä d’Majoritéit vun den Arceloraktien sinn am Streebesëtz op de Finanzmäert: den Ausgang vum Mittal senger OPA ass komplett oppen. D’Arcelor versicht vun Ufank un d’Offer aggressiv ofzewieren an de Codenumm vun deeër Ofwierstrategie ass “Project Tiger”. Et kënnt dobäi och zu munchen verbalen Ausrutscher vu “Parfum” contra “Eau de Cologne” bis zu “monnaie de singe” iwwert d’Stolprodukter an d’Aktien vu Mittal Steel.

An den Deeg no der Ukënnegung vun der OPA ginn d’Lëtzebuerger Regierung, d’Gewerkschaften an d’Journalisten sech eestëmmeg patriotesch. Eng Reprise hätt fatal Konsequenzen fir Lëtzebuerg. D’Land géif als Industriestanduert ausgeblutt. De soziale Modell géif ënnergruewen. “Mär wëllen den Här Mittal a seng Famill net bei eis a net an Europa.” An heroeschem Stil tittelt d’Tageblatt: “It’s NO, Mr Mittal!” an dat konservatiivt Wort riicht direkt en Internetforum an, wou ee vu rosene User liese kann, dass kee Lëtzebuerger en indesche Milliardär um Rousegäertchen sëtze gesi wëll. D’Leitartikler schreiwen vun “Äerdbiewen”, enger Gefor fir “d’national Identitéit” a spekuléieren iwwert “d’Géigenoffensiv”. Dënschdes, den 31. Januar schwätzt dann de Premier an der Chamber: “D’Lëtzebuerger Regierung ass där feindlecher OPA vu Mittal op d’Arcelor onfrëndlech gesënnt. Mir wëllen se net, well mer se net verstinn.”

An Europa entsteet eng kuerz Debatt iwwer wirtschaftleche Patriotismus, awer relativ séier verstinn déi europäesch Politiker, dass just d’Arceloraktionären dës Schluecht entscheede kënnen. Och zu Lëtzebuerg fänken d’Politiker heemlech un ëmzefalen, wéi d’Lëtzebuerger Finanzplaz a Gefor gerode kéint. De Lakshmi Mittal geet mat sengem Bouf Aditya op eng Charmeoffensiv duerch ganz Europa. Arcelor probéiert nach méi wéi sechs Méint mat alle Mëttelen eng feindlech Iwwernahm ze verhënneren. Béid Säiten engagéieren Legiounen vu Banquier’en, Affekoten, PR-Agencen an aner Beroder. E “wäisse Ritter” aus Russland soll eng Géigenoffer fir d’Arcelor maachen, awer déi international Finanzcommunautéit ass dergéint. Wéi dem Mittal seng Offer gehéicht gëtt an hie versprécht, dass de Sëtz vum neie Konzern op Lëtzebuerg kënnt, ass alles decidéiert – a jiddereen freet sech op eemol iwwert déi gutt Léisung.

D’Stéck En Tiger am Rousegäertchen ass entstan aus enger Zesummenaarbecht tëscht dem Marc Limpach an dem Frank Feitler, deen, no senge laangen an erfollegräiche Joren als Direkter vun de Stater Theateren, fir t’éischt erëm d’Säit wiesselt an e Stéck inszenéiert. D’Inszenéierung, mat acht bekannte Lëtzebuerger Schauspiller erschafft, beschreift d’Schluecht tëscht Mittal an Arcelor aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, als Gesellschaftsfarce iwwer de Konflikt tëscht nationalen Identitéiten an Intressen an der Globaliséierung, tëscht Finanzplaz an Industriegesellschaft, tëscht neoliberale Finanzmäert an dem europäesche Sozialmodell. 

» En Tiger am Rousegäertchen, un texte documentaire à domniante informative, qui prend vie par une conception efficace et un jeu percutant. Le Jeudi, Josée Zeimes

» Mit wenig Requisiten weckt die Inszenierung von Frank Feitler überaus wirkungsvoll Assoziationen und schafft so einen passenden Rahmen, in dem die Fantasie des Zuschauers ganz frei fabulieren kann. (...) Es ist sicher eine gute und unterhaltsame Gelegenheit, seine Erinnerungen an diese Zeit mit einer etwas anderen Sicht zu konfrontieren. Und letztendlich stellt das Stück die richtigen Fragen. (...) und das Beste: Es liefert keine vorverdauten Antworten. Luxemburger Wort, Vesna Andonovic und Laurent Schmit

[DIS]

Mam
Luc Feit, Steve Karier, Désirée Nosbusch, Josiane Peiffer, Christiane Rausch, Annette Schlechter, Serge Tonon, Anouk Wagener

Assistance à la mise en scène Daliah Kentges
Costumes Anatoli Papadopulou
Habillage Cathy Tinelli
Maquillage Claudine Moureaud et Franco Emilie
Construction du décor Ateliers des Théâtres de la Ville de Luxembourg

Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Koproduktioun Kasemattentheater, Théâtre d’Esch, Trifolion Echternach

Jeudi 10 NOVEMBRE 2016 à 20h00 (tickets)
Samedi 12 NOVEMBRE 2016 à 20h00 (tickets)
Dimanche 13 NOVEMBRE 2016 à 17h00 (tickets)
Mardi 15 NOVEMBRE 2016 à 20h00 (tickets)

DURÉE environ 1h15

Adultes 20 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu

Lieu: Grand Théâtre / Studio

Spectacle en tournée
1 et 2 décembre 2016 au Théâtre d'Esch
21 mars 2017 au Kulturhaus à Mersch
24 mars 2017 au Cube 521 à Marnach
26 mars 2017 au Trifolion à Echternach


[TICKETS]2016-11-10 20:00:00 21641+2016-11-12 20:00:00 21642+2016-11-13 17:00:00 21643+2016-11-15 20:00:00 21644