Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

ALLERLEE GEGRIMMELS

Erzielsonndeger am Kapuzinertheater

D'Kanner- an d'Hausmärercher vun de Bridder Grimm
mam Betsy Dentzer

[LB] D'Schnéiwittchen, den Hänsel an d'Gretel, d'Dornréischen an och d'Aschenputtel …déi kenns du bestëmmt an esouguer zimlech sécher. Sou wéi ganz vill aner Märercher a Geschichte vun de Bridder Jakob a Willy Grimm.

Mä weess du och, wien de Blobaart ass? Has du schonn eemol den Däiwel mat den dräi gëllenen Hoer gefaart? Oder mam schlaue Gréidel e Stéck Poulet giess?

Et ginn nämlech och nach där Grimm-Märercher, déi net esou bekannt sinn an dofir maache mir vun Oktober bis Juli e Spadséiergank queesch duerch de faarwege Gaart vun de Gebridder Grimm hieren Haus- a Kannermärercher. Do begéine mir daperen Helden, schéinen an ellene Prinzessinen, schmuddelegen Hexen an allerlee Dëlpessen … an all Mount enger neier Grimmel Grimm.

» Loin de la surstimulation multi-sensorielle, la conteuse Betsy Dentzer évoque des univers fantasmagoriques avec juste … des mots au Théâtre des Capucins. Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land à propos de An 80 Märercher ronderëm d'Welt

» Sparsam mit Gesten, aber ausdrucksstark mit der Stimme, erzählte die junge Frau und erzählte, und die Kinder hingen an ihren Lippen. Uli Botzler, Telecran zu An 80 Märercher ronderëm d'Welt

 

1 Sonnden am Mount

Vun 4 bis 99
Dauer 50 Minutten
Op Lëtzebuergesch

5 € fir Grouss a Kléng

Am Kapuzinertheater / Foyer

 

Sonnden 7. OKTOBER 2012 um 11h00 (tickets)

Sonnden 11. NOVEMBER 2012 um 11h00 (tickets)

Sonnden 2. DEZEMBER 2012 um 11h00 (tickets)

Sonnden 13. JANUAR 2013 um 11h00 (tickets)

Sonnden 3. FEBRUAR 2013 um 11h00 (tickets)

Sonnden 3. MÄERZ 2013 um 11h00 (tickets)

Sonnden 14. ABRËLL 2013 um 11h00 (tickets)

Sonnden 5. MEE 2013 um 11h00 (tickets)

Sonnden 9. JUNI 2013 um 11h00 (tickets)
 
Sonnden 7 JULI 2013 um 11h00

 [TICKETS]2012-10-07 11:00:00 13493+2012-11-11 11:00:00 13494+2012-12-02 11:00:00 13495+2013-01-13 11:00:00 13496+2013-02-03 11:00:00 13497+2013-03-03 11:00:00 13498+2013-04-14 11:00:00 13499+2013-05-05 11:00:00 13500+2013-06-09 11:00:00 13501