#41 WAARDEN OP DE GODOT

VUM SAMUEL BECKETT
OP LËTZEBUERGESCH IWWERSAT VUM GUY WAGNER
Op Lëtzebuergesch

[LB] E Kritiker hat viru Joere gemengt, Waarden op de Godot vum Samuel Beckett wier e Stéck, an deem näischt geschitt, – an dat zweemol!

Eng Boutade, gewëss, mee mat engem décke Schotz Wouerecht: Waarden op de Godot huet nämlech zwéin Akten, a vun engem Akt zum anere gëtt d’Situatioun net besser fir déi véier Protagonisten, zwou Koppelen: de Vladimir an den Estragon, zwéi Mënschen, déi scho besser Zäiten erlieft hunn, an de Pozzo an de Lucky, Här a “Knouk”.

Den Didi an de Gogo, wéi se sech selwer nennen, sinn déi zwéin, déi waarden. Déi zwéin aner sinn ënnerwee, kommen zweemol nëmme laanscht, a wann se fir d’zweet erëm opdauchen, ass de Pozzo blann an de Lucky stomm, awer si sinn ëmmer nach een un deen aneren ugestréckt, genee wéi den Didi an de Gogo.

Waarden. Waarden. Waarden ... A wäerend deem Waarde muss een d’Zäit doutschloen. Dat probéieren déi zwéin dann och esou gutt, wéi se nach kënnen.

Wien awer ass dee Godot, op deen se do waarden, an deen net kënnt?

ESTRAGON: A wann e kënnt? – VLADIMIR: Da si mer gerett.
Guy Wagner

» Germain Wagner als Estragon und Jules Werner als Vladimir sind als Beckettsches Paar so liebenswert in ihrer Verschrobenheit, dass es ihnen scheinbar mühelos gelingt, ihr Publikum über fast drei Stunden hinweg an sich zu fesseln und zu berühren. Ob sie sich am nackten Fuß kratzen, durch die strähnigen Haare fahren, sich umarmen, über die Bibel philosophieren oder einfach nur warten, spielt dabei eigentlich keine Rolle. Germain Wagners feine Mimik gibt seiner Figur den richtig dosierten Touch des traurigen Clowns. Und Jules Werner nimmt man den Ungerechtigkeiten hassenden Estragon ohne Weiteres ab. Besonders beeindruckend ist das Spiel Werners bei dem immer wieder aufschäumenden Pathos, den Estragon an den Tag legt. In all seiner Wucht, kein bisschen überzogen. Tageblatt

» Il y a une dimension profondément humaine dans la relation de ces deux vagabonds, dans leur communication hasardeuse, dans leur façon de s’aimer et de se détester un peu, dans leurs répétitions naïves, comme si se parler était leur seule façon de se défendre contre les forces entropiques du monde même, de constater qu’ils sont toujours en vie. Cette dimension a été préservée en langue luxembourgeoise, elle rayonne d’autant plus fortement, même. D’Lëtzebuerger Land

[DIS]

Mat
Estragon
Germain Wagner
Vladimir Jules Werner
Pozzo Christiane Rausch
Lucky Fabienne Elaine Hollwege
E Jong Mika Goevelinger

Regie Charles Muller
Bühn Helmut Stürmer
Kostümer Katheljine Schaaphok
Lightdesign Philippe Lacombe
Dramaturgesch Mataarbecht Guy Wagner
Mask Joël Seiller
Accessoiren Carine Ceglarski
Regieassistenz Natalie Werle

Produktioun Théâtre d’Esch

Fir d’éischt opgefouert am Escher Theater
an der Regie vum Charles Muller, de 26., 27. an 28. Februar 2015

Jeudi 14 JANVIER 2016 à 20h00 (tickets)
 Vendredi 15 JANVIER 2016 à 20h00 (tickets)

DURÉE 1h55 & entracte

Adultes 25 €, 20 €, 15 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu

Lieu: Grand Théâtre / Grande salle réduite

[TICKETS]2016-01-14 20:00:00 19765+2016-01-15 20:00:00 19766