Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

#34 RENERT / DE FUUSS AM FRACK AN A MAANSGRÉIST

MICHEL RODANGE
Op Lëtzebuergesch

[LB] "D'Welt ass e Sak voll Kriibsen,
wou een deen aner zwéckt;
di iewescht gi gejuppelt,
di ennescht gin zerdreckt." 

All Mënsch kennt de Renert. Kaum een huet e gelies. Mee nawell sinn de louse Fuuss Renert, de bedächtegen Dachs Grimpert, de Léiw, deen net ganz helle Kinnek a seng gescheit Fra, déi sëlleg aner: de Bier, den Huer, den Hunn, d'Kaz, den Hond Finnett an de Wollef, dee bis zum Schluss ugeschass gëtt, lieweg an de Käpp vu Generatiounen.

De Michel Rodange huet iwwer Déiere geschriwwen, mee en huet vu Mënsche geschwat. De Renert ass virun allem eng béis Satir iwwer Zoustänn, déi mer haut nach genee esou erëm fannen, wéi de Rodange se am 19. Jorhonnert notéiert huet.

2003 huet de Steve Karier de ganze Renert fir d'Mierscher Literaturhaus opgeholl, iwwer 6.000 Versen op 3 CD'en, déi sech zu Dausende verkaaft hunn. 2012 huet hien ënnert der Regie vum Anne Simon dem Rodange säi Wierk op d'Bühn bruecht. Nom grousse Succès vun dëser Produktioun, kënnt de Renert och dës Saison fir zwou Virstellungen zréck an de Kapuzinertheater a mécht dat wat en am beschte kann: ganz alleng op der Bühn, all déi Déierepersonnagen, all déi verschidden Dialekter op knapps annerhallef Stonn akachen.

Annerhallef Stonn Geleeënheet, fir gutt iwwert de blöde Wollef ze laachen, iwwert de Fäertaasch Kaz, iwwert den trapege Bier - an dohanner dem Rodange säi Mënschentableau ze erkennen. An dat an engem Lëtzebuergesch, dat mat dat schéinst ass, dat je geschriwwe gouf.

"Et gin duerch d'Welt zwéi Weër:
sief Wollef oder Schof!
E gudde Fuuss ass béides
Als echte Philosoph." 

» Ween prett ass, fir sech op eng ganz eegewëlleg, couragéiert a ongewinnte Vue op de Lëtzebuerger "National-Epos" anzeloossen, deen erwaarden jiddefalls 90 Minutte formidabel gespillten Theater an engem grousse Monolog vum Steve Karier. Luxemburger Wort

» La performance physique et intellectuelle de l'acteur est proprement époustoufflante - il prouve à nouveau sa maîtrise du texte et tout son registre comique. S'il faut jouer le Renert, autant le jouer comme ça! D'Lëtzebuerger Land

» Abseits einer übermotivierten Funktionalisierung von Rodanges Werk vermag die Aufführung auf gewagte Art und Weise dieses wichtige - und vor allem schöne - Dokument der luxemburgischen Literatur zu dramatisieren, indem sie sich unbefangen und geistreich diesem unserem "Nationalepos" nähert, es in seiner Historizität würdigt und dem Publikum spielerisch einen "Renert" fernab von nationalem Literaturpathos anbietet. Tageblatt

 [DIS]

Mam
Steve Karier 

Regie Anne Simon
Toun & Musik Emre Sevindik
Luucht Max Kohl
Assistenz Jérôme Konen 

Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

 

Jeudi 17 OCTOBRE 2013 à 20h00 (tickets)
Mardi 22 OCTOBRE 2013 à 20h00 (tickets)

DURÉE 1 Stonn 20 Minutten (keng Paus)

Adultes 20€, 15€, 8€ / Jeunes 8€

Lieu: Théâtre des Capucins

[TICKETS]2013-10-17 20:00:00 15626+2013-10-22 20:00:00 15627