Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

Allerhand GeGrimmels

D'Erzielsonndeger am Kapuzinertheater
D'Kanner- an d'Hausmärercher vun de Bridder Grimm mam Betsy Dentzer

[LB] D'Kanner an d'Hausmärercher vun de Bridder Grimm ginn an déi zweet Ronn. 

Ville si mer scho begéint : opmannst zwee Däiwelen, net manner ewéi siwe Prinzessinnen, ganzer dräi Zwergen an engem ganzen Zoo vun Déieren.

Vill Geschichte si schon erzielt ginn, vill sinn der nach rescht. A fir net mattendran opzehalen, geet et weider mam Sonndes- Gegrimmels am Kapuzinertheater.

Weider geet d'Rees duerch de faarwege Gaart vun de Gebridder Grimm hiere Kanner-an-Hausmärercher, weider geet et mat laache, kräiche, fäerten, zauberen, trëllen, gewanne, verléieren, bestueden, këssen, mat mëlle Mouken, dommen Däiwelen, klenge Knouterer an houffregen Helden. Well et gëtt nach ganz vill Neies z'entdecken am Jakob a Willy hiere gesammelte Märercher.

A weider geet et och mam Zauberbam, deen an der éischter Grimm-Saison scho vill nei Friischte krut a lo nach gutt weider gefëllt gëtt.

Well wéi heescht et esou schéin : A wa se net gestuerwe sinn…da gëtt et och weiderhinn all Mount eng nei Grimmel Grimm.

» Loin de la surstimulation multi-sensorielle, la conteuse Betsy Dentzer évoque des univers fantasmagoriques avec juste ... des mots au Théâtre des Capucins. Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land à propos de An 80 Märercher ronderëm d'Welt

» Sparsam mit Gesten, aber ausdrucksstark mit der Stimme, erzählte die junge Frau und erzählte, und die Kinder hingen an ihren Lippen. Uli Botzler, Telecran zu An 80 Märercher ronderëm d'Welt

[DIS]

1 Sonnden am Mount

Vun 4 bis 99
Dauer 50 Minutten
Op Lëtzebuergesch

5 € fir Grouss a Kléng

Am Kapuzinertheater / Foyer

Sonnden 6. OKTOBER 2013 um 11h00 (tickets)
Sonnden 17. NOVEMBER 2013 um 11h00 (tickets)
Sonnden 1. DEZEMBER 2013 um 11h00 (tickets)
Sonnden 19. JANUAR 2014 um 11h00 (tickets)
Sonnden 9. FEBRUAR 2014 um 11h00 (tickets)
Sonnden 2. MÄERZ 2014 um 11h00 (tickets)
Sonnden 6. ABRËLL 2014 um 11h00 (tickets)
Sonnden 4. MEE 2014 um 11h00 (tickets)
Sonnden 8. JUNI 2014 um 11h00 (tickets)
Sonnden 6. JULI 2014 um 11h00 (tickets)

[TICKETS]2013-10-06 11:00:00 15691+2013-11-17 11:00:00 15692+2013-12-01 11:00:00 15693+2014-01-19 11:00:00 15694+2014-02-09 11:00:00 15695+2014-03-02 11:00:00 15696+2014-04-06 11:00:00 15697+2014-05-04 11:00:00 15698+2014-06-08 11:00:00 15699+2014-07-06 11:00:00 15700