
[LB] D'Schnéiwittchen, den Hänsel an d'Gretel, d'Dornréischen an och d'Aschenputtel …déi kenns du bestëmmt an esouguer zimlech sécher. Sou wéi ganz vill aner Märercher a Geschichte vun de Bridder Jakob a Willy Grimm.
Mä weess du och, wien de Blobaart ass? Has du schonn eemol den Däiwel mat den dräi gëllenen Hoer gefaart? Oder mam schlaue Gréidel e Stéck Poulet giess?
Et ginn nämlech och nach där Grimm-Märercher, déi net esou bekannt sinn an dofir maache mir vun Oktober bis Juli e Spadséiergank queesch duerch de faarwege Gaart vun de Gebridder Grimm hieren Haus- a Kannermärercher. Do begéine mir daperen Helden, schéinen an ellene Prinzessinen, schmuddelegen Hexen an allerlee Dëlpessen … an all Mount enger neier Grimmel Grimm.
» Loin de la surstimulation multi-sensorielle, la conteuse Betsy Dentzer évoque des univers fantasmagoriques avec juste … des mots au Théâtre des Capucins. Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land à propos de An 80 Märercher ronderëm d'Welt
» Sparsam mit Gesten, aber ausdrucksstark mit der Stimme, erzählte die junge Frau und erzählte, und die Kinder hingen an ihren Lippen. Uli Botzler, Telecran zu An 80 Märercher ronderëm d'Welt
1 Sonnden am MountVun 4 bis 99
|
Sonnden 7. OKTOBER 2012 um 11h00 (tickets)
|
[TICKETS]2012-10-07 11:00:00 13493+2012-11-11 11:00:00 13494+2012-12-02 11:00:00 13495+2013-01-13 11:00:00 13496+2013-02-03 11:00:00 13497+2013-03-03 11:00:00 13498+2013-04-14 11:00:00 13499+2013-05-05 11:00:00 13500+2013-06-09 11:00:00 13501