[LB] Mir kënnen et och nach net sou richteg gleewen, mee d'Troupe Grand-Ducale de Shakespeare feiert 2011 seng 5 Joer!
Do heescht et keng Zäit verléieren an direkt eng Joyeuse Entrée schmäissen!
Nach am Solper, weisen de Jules Werner an den Tom Leick Iech wéi den Elisabethaneschen Hues leeft a wat de Shakespeare alles fir ons a fir Iech gemaach huet. Sicht Iech elo schon e Babysitter a feiert Neijooschdag am Groussen Theater mat all Äre Frënn an enger déifgrënneger Erfuerschung vun dësem Mann a sengem enorme Wierk.
Wann een d'Joer esou ufänkt, da kann näischt méi schif goen.
D'Konzept ass nach ëmmer: Brevity is the soul of wit!
An den Challenge alt erëm: 37 plays in 90 minutes!
De Shakespeare gëtt erëm ausgedoen, nees gestëppst, op en neits gekärchert an nach eng Kéier ugedoen, an de Faarwen: ROUT, WÄISS, BLO!
Donít miss this event of NATIONAL IMPOTENCE (again again)!
Wien et dann nach net gesinn huet ass selwer Schold.
MAM Tom Leick, Jules WernerARTISTËSCH BERODUNG Myriam Muller, Claude Mangen
|
Samsdeg, 1. JANUAR 2011 um 20.00 Auer (tickets)
|
[EN] » If you didn't attend The Complete Works of William Shakespeare (gekierzt), you've missed a brilliant evening of hilarious entertainment.
Janine Goedert, D'Land
[DE] » Mit intelligentem Humor verbanden die Multi-Tasking Schauspieler die Tragödien, Komödien und historischen Stücke Shakespeares in einer solch dynamischen und rasanten Darstellung, dass sie den Zuschauern keine Minute Leerlauf gönnten.
Vesna Andonovic, Luxemburger Wort
| Pas encore de contributions | Noch keine Beiträge | Écrire un commentaire | Kommentar schreiben |